Häerzlech wëllkomm

De Kapgen Haff ass een klengen Bauerebetrieb mat enger klenger Unzuel un Wissen an Akerstecker. De Betrieb geht enger Reih verschiddener Aktivitéiten no an probéiert am Grondsaatz emmer den Mensch an d’Natur an den einklang ze brengen. De Kapgen Haff probéiert dobäi d’Landwirtschaftlech Aarbescht als een sozialt Zesummenkommen ze vermettelen.

Aktuell produzéiert den Kapgen Haff Naturschutzfleesch mat Hëllef vun enger Ronn 25 Galloway Kéi an och säit dësem Joer erem Gromperen.

It ain’t much but it’s honest work. — Dave Brandt

Galloway-Kéi

Kéi

Naturschutz mat Häerz a Verstand

Um Kapgen Haff gëtt zanter enger Zäit eng kleng, mee ganz besonnesch Hiert vu ronn 25 Galloway-Kéi gehalen. Dës robust a friddlech Rass spillt eng wichteg Roll am Naturschutz an an der nohalteger Landwirtschaft. D’Déiere ginn ënner dem Label „Naturschutzfleesch“ produzéiert, wat fir eng héich Qualitéit steet an gläichzäiteg de Respekt virun der Natur an dem Wuel vun den Déieren ënnersträicht.

Eis Galloway-Kéi ginn dat ganzt Joer iwwer dobausse gehalen. Si hunn vill Plaz a kënnen sech fräi op engem grousse Feld beweegen, wou si wierklech d’Fräiheet genéissen. Duerch hiert natierlecht Weideverhalen droe si zur Erhale vun der Landschaft bäi an ënnerstëtzen d’Biodiversitéit. Um Kapgen Haff steet also net nëmmen d’Produktioun vu Fleesch am Mëttelpunkt, mee virun allem eng nohalteg a naturnoe Bewirtschaftung, am Aklang mat Déier a Natur.

Gromperen

Logo

Dëst Joer konnt de Kapgen Haff ronn 1 Tonn Gromperen op 17 Are Ackerland raafen. Dës Recolte hun mir mat Freed un Frënn a Famill konnten verdeelen.

Bei der Produktioun gëtt komplett op Dünger a Spretzungsmëttelen verzicht. D’Gromperen goufen mat engem Rau-Kombi-Gerät aus den 1960er Joren ugesaat an geheefelt. Mir hun dëst Joer eng Rei verschidde Sorten ausprobéieren konnten fir esou erausfannen, wat besonnesch gutt op eise Bieden wiist.

Fir d’nächst Joer ass geplangt, d’Ackerfläch weider auszeweiten an eng ronn 30 Are mat Gromperen ze bestellen, fir eis Produktioun weider auszebauen.

Kartoffel Eist Gromperefeld

Rau-Kombi-Gerät Eist Rau-Kombi-Gerät